Wat geschitt mat den iPads an Office365 no der Première?
Dës Informatioune si mat beschtem Wëssen a Gewëssen zesummegefaasst, mee den CGIE kann Ännerungen decidéiere vun deenen mir näischt wëssen an op déi mir keen Afloss hunn.
Den CGIE decidéiert also wat mat de Geräter dierf gemaach ginn. Wat méiglech ass hänkt vun der Situatioun of (wéini krut en den iPad, wéi ee Kontrakt gouf ënnerschriwwen, huet eng Kéier eppes misse gefléckt ginn,…). Dofir muss den CGIE au Cas par Cas kucke wat geschitt.
-
Sou oder sou wäerten d’Donnéeën um Gerät an um Office365 no der 1e net méi accessibel sinn dofir musst dir onbedéngt e Backup vun den Donnéeë maachen op perséinlecht Gerät (Computer, Harddisk, …).
-
Wann dir den iPad wëllt ofkafen: Esou bal dir d’Resultater vun der 1e, an en Zertifikat vun der Schoul hutt, mellt iech am beschte beim CGIE (helpdesk@cgie.lu) matt enger Mail mat enger Foto vun dem Zertifikat a sot Bescheed dass dir den iPad wëllt ofkafen. Wann dir den iPad wierklech dierft ofkafe leet den CGIE dat dann an d’Weeër. Den iPad muss nom ofkafen eng Kéier ganz geläscht ginn!
-
Wann dir net wësst wéi vill den iPad nach kascht, op one2one.lu steet eng Lëscht, mee dir kënnt och an enger Mail op helpdesk@cgie.lu nofroen. Gitt dobäi d’Inventarnummer 19x… hannen um iPad mat un.
-
Wann dir den iPad sécher net wëllt ofkafen. Maacht och eng Mail op helpdesk@cgie.lu mat ärem Zertifikat a deelt dem Helpdesk dat matt. Wann den CGIE den Accord fir den Retour gëtt, kann den iPad (komplett a funktionell) am Lycée am Büro vun der Informatik um C1 beim Här Patrick Havan eraginn. Dobäi muss en Procès-verbal de Retour gemaach gi wou den Zoustand vum Gerät festgehale gëtt. Wann eppes feelt oder futti ass, kritt e vum CGIE eng Rechnung geschéckt.
-
Et ass méiglech dass den CGIE iwwer d’grouss Vakanz Retouren iwwert de Lycée net erlaabt. An dem Fall misst dir och um helpdesk nofroe wann dir den iPad da wëllt zréckginn.
Matt beschte Gréiss
Ben Kasel & Anne Meyer
Responsabel One2One am ALR