iPad fort an elo?

Wanns du däin iPad verluer hues oder en geklaut krus, mell dech als éischt op ipad@alr.lu fir Bescheed ze soen. Wann d’Gerät nach am Wifi hänkt kann d’Gerät gespäert ginn.

Wann d’Gerät net méi erëmzefannen ass, muss du op der Police eng Déclaration de perte oder Déclaration de vol maachen. Den Ziedel vun der Police muss du dann erascannen/fotograféieren an den mat enger Déclaration de défaut technique beim CGIE melden.

An dem Fall gëtt däin Gerät ënnert den Konditiounen vun dengem Contrat de location ersat, mee dat kascht eppes!